Mäin D N A
5 Generatiounen vun der
Famill “Müll-Beckius-Tapio”
am selwechten Elterenhaus zu Wormer
Mäin Urgrousspapp, de Peter Müll, war ufangs vum leschte Joerhonnert an Amerika an de Bundesstaat Oregon ausgewandert, wou hien méi wéi ee Joerzéngt zu Portland Rouse geziicht huet. Als geléierte Gäertner koum hien zeréck an huet dunn um Dräibuerer Schlass weidergeschafft. Hien huet do meng Urgroussmamm, d'Catherine May kennegeléiert, déi eng exzellent Kächin am Déngscht vun der Adelsfamill "Marchetti di Montestruzzo" wor.
Mäi Grousspapp, de Jean-Pierre Beckius, war Bréifdréier an niewelaanscht wor en och Wënzer. Meng Groussmamm, d'Ida Müll ép. Beckius huet och vill an de Wéngerte geschafft, soudatt d'Studie vun hire Kanner finanzéiert konnte ginn.
Meng léif Tatta, d’Lily Beckius, war mam Prof. Norbert Thill bestuet an hat dono "Op der Rhum” gelieft. Mäi Papp, den Dr Camille Beckius, huet laang am Congo als Gynekolog geschafft bis kurz virum Biergerkrich. Zu Lëtzebuerg hat hien seng Praxis an der Stad an huet an der Maternité Kanner op d’Welt bruecht. Meng Mamm, Marina Tacchini ép. Beckius, huet Biologie studéiert an huet sech ëm d'Erzéiung vun hiren zwee Kanner gekëmmert.
Ech selwer, d’Christiane Beckius ép. Tapio, sinn no menger "Première" (E.C.G.) a no mengem "1er Prix" am Ballet (Conservatoire), fir d’éischt op d’Bank "Banca Popolare di Novara" schaffe gaangen. Dono hunn ech bei der Firma "Arthur Andersen" als "Assistante de Direction" weidergeschafft. Tëschent 1999 an 2003 hunn ech mat mengem Mann zu Washington D.C. an Amerika gewunnt, wou mer do eng aussergewéinlech schéin Erfarung gemaach hunn ! Ech schwätze verschidde Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Italienesch) an hunn Spuenesch a Finnesch nodréiglech geléiert. Zënter 2013 sinn ech Aktivistin a kämpfe mat der onermiddlecher Hëllef vun menger Nopech, Germaine Bouchard, fir lokal Interessien. Ech sinn eng selbstänneg Kandidatin, onofhängeg vun enger politescher Partei an och net vun enger Partei finanziell ënnerstëtzt. Mäin aktuelle Slogan "Lëtz be One !" soll dozou bäidroen, datt mir an dëser vill geplotener a konfliktbeluedener Welt, net weider “Maueren”, mä “Brécke” baue sollen.
Mäi Mann schafft op enger Bank a mir hunn zwee erwuessene Kanner, dei studéieren.


5 générations de
descendants "Müll-Beckius-Tapio"
dans la même maison paternelle
à Wormeldange
Mon arrière-grand-père, Peter Müll, a immigré au début du siècle dernier dans l'Orégon aux Etat-Unis, où il a cultivé des roses à Portland pour plus d'une décennie. Il est revenu au Luxembourg comme jardinier qualifié et a continué à travailler au château de Dreiborn. Là, il a rencontré mon arrière-grand-mère, Catherine May, une excellente cuisinière qui travaillait au service des notoires comtes "Marchetti di Montestruzzo".
Mon grand-père, Jean-Pierre Beckius, était le facteur du village et vigneron après son travail. Ma grand-mère, d'Ida Müll ép. Beckius a aussi beaucoup travaillé dans les vignes pour contribuer à financer les études de leurs enfants.
Ma chère tante, Lily Beckius, était marié au Prof. Norbert Thill et, par la suite, a vécu au centre du Rham. Mon père, le Dr Camille Beckius, a longtemps travaillé comme gynécologue au Congo, jusqu'au début de la guerre civile. De retour au Luxembourg, il travaillait dans son cabinet médical en ville et à la Maternité. Ma mère, Marina Tacchini ép. Beckius, est diplômée en Biologie et s'est consacrée à éduquer ses deux enfants.
Moi-même, d’Christiane Beckius ép. Tapio, j'ai commencé à travailler à la banque "Banca Popolare di Novara" après avoir passé mon bac (E.C.G.) et mon "1er Prix" en danse (Conservatoire). Ensuite j'ai postulé auprès de la société "Arthur Andersen", où j'ai travaillé comme assistante de direction. Entre 1999 et 2003, mon mari et moi, nous avons habité à Washington D.C. aux Etats-Unis. C'était une expérience inoubliable ! Je parle plusieurs langues (luxembourgeois, français, allemand, anglais, italien) et j'ai appris l'espagnol et le finnois ultérieurement. Depuis 2013, je suis militante ("Aktivistin") pour les intérêts locaux avec l'aide infatigable de ma voisine, Germaine Bouchard. Je suis une candidate autonome, indépendante de tout parti politique et privée d'appui financier. Mon slogan actuel "Lëtz be One !" doit contribuer à construire dans ce monde très tourmenté et conflictuel, non pas des "murs", mais d'avantage de "ponts".
Mon mari travaille dans une banque et nous avons deux enfants majeurs à l'Université.